Branchen

Beaver:
Den éischten Schrëtt an den Scouten maachen déi meescht Leit an den Beaver. Kanner vun 5 bis 7 Joer bilden hei all zesummen eng Kolonie Beaver déi zesummen vill Saachen erliewen. Ënnerdeelt an Dämm fir déi jeeweils een Chef zoustänneg ass leieren sie sech an engem Grupp upassen, déi aner respektéieren an zesummeschaffen.
All zwou Wochen treffen sie sech fir zesummen ze spillen, ze bastelen, Natur ze entdecken an kleng Deeler vum Scoutismus ze entdecken. Hinnen geet et virun allem drëm zesummen eng flott Zäit ze verbréngen, guidéiert vun hiren Cheffen déi probéieren hinnen verschidden Wäerter wei Respekt, Toleranz, Solidaritéit,… méi no ze bréngen.
Dat ganzt fënnt am Kader vun der Geschicht ‚Frënn aus  dem Besch‘ statt, eng Geschicht an där eng Beavercolonie an eng Mënschefamill sech kennen léieren an hier géigesäiteg Liewensstiler entdecken. Puer mol Joer hunn Beaver och Méiglechkeet ganz Deeg oder souguer Campen vun maximum 3 Nuechten mateneen ze verbréngen an sou nach méi zesummen ze wuessen an nei Erfahrungen ze maachen.

Wëllefcher:
Sie sinn Kanner tëscht 8 an 10 Joer déi sech emol an der Woch treffen fir nei Saachen ze entdecken an ze leieren an sech dobäi ëmmer gutt ze ameséieren. Genau wei Beaver spillen a bastelen sie, sie verbréngen vill Zäit dobaussen an der Natur an leieren am Grupp liewen.
D’ Wëllefchersmeute ass an Sizainen ënnerdeelt an deenen et jeeweils en Sixer an en Second gëtt, dëst sinn déi erfahrensten Wëllefcher déi deenen méi jonken sollen hëllefen sech an der Meute erëmzefannen an déi och mol dem Chef kennen bëssen zur Säit stoen.
Wëllefcher hunn och Méiglechkeet eng Rei Badger souwéi 3 Feiler ze man déi dono op hirer Uniform all anerem Scout hier Fäegkeeten an engem bestëmmten Beräich beweisen (zB: Spill, Schwammen, Kachen, …).
Den Wëllefchersprogramm baséiert sech op Dschungelbuch vum Rudyard Kipling. Wëllefcher man e puer mol Joer méi kleng Campen an huelen och meeschtens un engem méi laangen Summercamp deel. Esou kréien sie Méiglechkeet als Grupp zesummen déi verschidden Aspekter vum Scoutismus ze entdecken.

Scouten:

Sie hunn tëscht 11 an 13 Joer an treffen sech all zwou Wochen fir zesummen nei Deeler vum Scoutismus kennenzeleieren oder ze verfeineren an dobäi vill Spaass ze hunn. Sie spillen, bastelen, bauen Konstruktiounen, kachen, maachen Sport, beweegen sech an der Natur, schlofen am Zelt, liesen Kaarten, …
Sie sinn an Patrullen agedeelt an deenen et jeeweils een CP (Chef de Patroulle) an en SP (Second) gëtt déi an der Patrull Leedung iwwerhuelen. En Deel vun den Scoutsversammlungen ginn vun den Scoutscheffen organiséiert den aneren Deel patrullenweis vum jeeweilegen CP an SP. Sou kennen Scouten lues an lues ëmmer méi Responsabilitéit huelen an leieren selbstänneg ze agéieren. Och sie ginn puer mol Joer op kleng Campen an am Summer hunn sie normalerweis en Summercamp am Land oder och am Ausland.

Explorer:
Sie sinn Scouten vun 14 bis 15 Joer. D’Explorer liewen zesummen an enger Unitéit. Mat hirem Responsabelen zesumme geréiere si sech selwer. Si plangen an erliewen zesumme vun A bis Z eng Entreprise iwwer e puer Méint.

Rover:
Sie sinn Scouten vun 16 bis 21 Joer.
D’Rover liewen zesummen am Clan. Si sinn op der Universitéit, am Beruffsliewen oder bauen hir Famill op. Si ënnerstëtzen hire Grupp an erliewen zesumme verschidde punktuell Aktivitéiten oder Projeten. Si hunn net regelméisseg Versammlung mee décidéieren selwer wéini sie Zäit an Loscht hunn zesummen eppes ze ënnerhuelen.

Tembo:

Sie sinn Scouten vun 22 bis open end.
D‘ Tembo liewen zesummen an der Herd. Si ënnerstëtzen hire Grupp an erliewen zesumme verschidde punktuell Aktivitéiten oder Projeten. Si hunn net regelméisseg Versammlung mee décidéieren selwer wéini sie Zäit an Loscht hunn zesummen eppes ze ënnerhuelen.

Cheffen:

Ons Cheffe si benevol a maachen eng Formatioun déi 2 Joer dauert, aus prakteschen an theoretesche Course besteet a vum Lëtzebuerger Staat unerkannt ass.
Hei e puer Beispiller vu Coursen, déi 5 bis 6 Deeg pro Joer daueren:

  • Wéi organiséieren ech e Camp, eng Versammlung?
  • D‘ Roll an d‘ Responsabilitéite vum Chef.
  • D‘ Entwécklung vum Kand oder vum Jugendlechen.
  • Animatioun, Naturpädagogik, Progressioun, Administratioun, Kommunikatioun.
  • Scoutstechniken: Kaart a Kompass, Hygiene, Spiller, Lidder, Bastelen, Kniet.
yasbetir1.xyz winbet-bet.com 1kickbet1.com 1xbet-ir1.xyz hattrickbet1.com 4shart.com manotobet.net hazaratir.com takbetir2.xyz 1betcart.com betforwardperir.xyz betforward-shart.com betforward.com.co betforward.help betfa.cam 2betboro.com 1xbete.org 1xbett.bet romabet.cam megapari.cam mahbet.cam وان ایکس بت بت فوروارد

istanbul izmir şehirler arası evden eve nakliyat

istanbul izmir evden eve nakliyat

istanbul bodrum evden eve nakliyat

istanbul fetihye evden eve nakliyat

bodrum evden eve nakliyat

istanbul izmir şehirler arası evden eve nakliyat

istanbul izmir evden eve nakliyat

istanbul bodrum evden eve nakliyat

istanbul fetihye evden eve nakliyat

bodrum evden eve nakliyat

1win 1win 1win melbet megapari megapari

Stell dech engem neien Challenge an iwwerhuel och du Responsabilitéit an eiser Gesellschaft !!

Mir sichen Chefen fir all eis Branchen.

Du bass mindestens 16 Joer al, schaffs gären mat Kanner an wëlls dech sozial am Bénévolat engagéieren?
Dann bass du bei den Scouten genau richteg !

Mir bidden dir d‘ Méiglechkeet an enger jonker Chefenequip matzeschaffen an dech weider ze entwéckelen.

Wanns du wëlls, kanns du och eng Chefen-Formatioun bei eis maachen.
Den Animateur Brevet deen’s du nom Ofschloss kriss ass beim Staat unerkannt.
Solls du dech zousätzlech fir den Mérite Jeunesse intresséieren, kann deen och iwwert Scouten ofgewéckelt ginn.

Hunn mir dech elo firwëtze gemaach ? Dann mell dech bei eis.

Schreif eis eng Mail un info@luchs.lu